PolicebulletinFestnamen no Abréch an Déifställ zu Schlënnermanescht an Ëlwen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch hat d'Police et am Norde vum Land nees mat Brigangen ze dinn.

An der Nuecht op e Mëttwoch koum et zu Schlënnermanescht an der Schoulstrooss zu engem Abroch an en Haus. Am Kader vun der Enquête gouf festgestallt, datt et och an der Strooss Schlënnerwee zu engem Abroch an en Haus an op der Haaptstrooss zu engem Abroch an en Auto koum. Zwee Verdächteger konnten am Laf vun den Ermëttlunge gestallt ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Zu Ëlwen krut d’Police um fréie Mëttwochmoien zwee Männer gemellt, déi sech Zougang zu engem Ausstellungsraum vun enger Firma verschaf an do geschlof hunn. Bei enger Kontroll huet d’Police e Messer an eng ganz Rei Kreditkaarte séchergestallt, déi a Relatioun mat engem Abroch an e Gefier stoungen. Déi Zwee konnten donieft nach mat weideren Abréch a Gefierer a Verbindung bruecht ginn, wouropshin och si op Uerder vum Parquet festgeholl goufen a virun den Untersuchungsriichter koumen.

Back to Top
CIM LOGO