Secteur an der Kris?FGFC kritiséiert Regierung a Saachen Transportpolitik

RTL Lëtzebuerg
D'FGFC ass am Kampfmodus a kritiséiert d'Regierung schaarf, wat hir Transportpolitik ugeet - ee Secteur, deen d'Gewerkschaft an der Kris gesäit. 

Mam Bléck op d’aktuell Verhandlungen, fir beim Minetter Bussyndikat TICE eng Konventioun auszehandelen, wier et net ze verstoen, datt d’Politik Muechtspillercher a finanziell Interesse géif iwwer d’Wuel vun de Leit stellen.

Kritiséiert gëtt och d’Attitüd vum OGBL - wéi den FGFC schreift, wier d’Gewerkschaft op Kuschel-Cours mat der Transportministesch a géif wuel eng Agenda vun der Privatiséierung vum Secteur public suivéieren.

D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal stellt sech duerfir d’Fro, ob d’Regierung wierklech am Eescht un enger Zukunft vum TICE interesséiert ass an hält fest, datt d’Regierung keng kloer Visioun schéngt fir den ëffentlechen Transport ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO