
Déi 2 Projete belafe sech op eng Zomm vun 362 Milliounen Euro, woubäi de Groussdeel an den Ausbau vum Lycée de Bonnevoie geet. Fir de fréiere Lycée technique de Bonnevoie (LTB) belafe sech d’Käschten op 303.332.000 Euro, bei enger geplangter Bauzäit vu 5 Joer. De Projet gouf e Mëttwochmëtten unanime an der Chamber ugeholl.
Dat neit Gebai wäert Plaz fir 2.150 Schüler hunn an op engem Terrain vun 3,8 Hektar stoen. Virgesi sinn ënner anerem 25 nei Klassesäll fir déi iewescht Klassen a 6 Spezialsäll, huet d’DP-Rapportrice Corinne Cahen an der Chamber erkläert. Dobäi kënnt ënner anerem eng Kantin fir 600 Persounen, en neien administrative Beräich, eng Bibliothéik, e Museksatelier, en Atrium, sou wéi och eng nei Sportshal an eng nei Schwämm. De Site soll autofräi sinn.
Aktuell ass d’Majoritéit vun den 1.500 Schüler aus dem Lycée a provisoresche Containeren ënnerbruecht. Vun 2015 u koumen ëmmer nees provisoresch Strukturen dobäi, ma d’Strukture ronderëm, vun der Bibliothéik iwwer d’Kantin, waren net erweidert ginn.
Mat 5 Abstentioune vu Säite vun der ADR gouf dann och de Projet de loi fir den Ausbau vun der ëffentlecher Europaschoul zu Jonglënster an der Chamber ugeholl.
Hei geet et ëm eng Zomm vun 58.700.000 Euro. D’Schoul war fir d’Rentrée 18/19 um Site vum Lënster Lycée opgaangen. D’Primärschoul an d’Spillschoul, déi den Ament a Container sinn, sollen eng nei Plaz kréien. “An deem neie Gebai wäerte 400 Kanner an 20 Klassesäll ënnerkommen”, huet d’Rapportrice Corinne Cahen ënnerstrach.
Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen huet betount, dass d’ADR sech géing beim Projet enthalen, well een net wéilt, dass 2 Schoulsystemer parallel opgebaut ginn. De Gréngen-Deputéierte François Bausch huet gesot, Lëtzebuerg wier e Land mat enger grousser internationaler Communautéit, déi ee bräicht an dofir bräicht een och déi Schoulen. Natierlech wier et besser, wann déi regulär Schoule géingen all d’Besoinen erfëlle kënnen, sou den David Wagner vun déi Lénk. Mee dat wier zur Zäit net de Fall an dofir misst een deem Rechnung droen, wat an der Lëtzebuerger Gesellschaft d’Realitéit wier.