
Um kuerz no 18:30 Auer gouf et en Accident mat engem Auto op der Arelerstrooss zu Ell, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Ekippe vu Rammerech an Ell.
E weideren Accident ass kuerz no Hallefnuecht geschitt, dat op der A13 vu Schëffleng op Lalleng. Hei ass en Auto an d'Leitplang gerannt, dobäi gouf eng Persoun verwonnt. D'Secouriste vu Schëffleng an Esch waren am Asaz.
De CGDIS gouf e Sonndeg den Owend och nach zwee Mol wéinst Bränn op de Plang geruff, dat ee Mol zu Diddeleng an ee Mol zu Esch. A béide Fäll gouf kee blesséiert.