
E Mann war vill ze héich besteiert ginn. Well de Reklamatiounsdelai vun 3 Méint awer scho laang ofgelaf war, gouf säi Fall net nei evaluéiert. Esou datt hien eng 47.000 Euro bezuele muss, déi eigentlech net geschëlt waren.
“D’Gesetzgebung ass net esou ausgeluecht, datt ee Steiere bezuele muss op eppes, dat net geschëlt ass”, sot de Gilles Roth am RTL Interview. Als Finanzminister wier hien zoustänneg fir d’Steiergesetzer. D’Besteierung selwer géif an der Steierverwaltung gemaach, déi och misst fir d’Andreiwe vun de Sue suergen. “Dann drécken ech et virsiichteg aus: mäi Wonsch wier et, dass an Zukunft d’Leit an esou Fäll vläicht méi proaktiv gehollef kréien. An ech géing och hei déi betraffe Persoun oder anerer kucken iwwer de Wee vun der Ombudsfra vläicht, dass nach eng Kéier déi Dossieren, souwäit dat méiglech ass, reconsideréiert ginn.”
D’Ombusdman Claudia Monti sot, si wier ëmmer nees mat esou Dossiere befaasst. Ma hirer Erfarung no géif d’Steierverwaltung Dossiere just da reevaluéiere, wann nach zousätzlech Sue kéinten agezu ginn. Net zugonschte vum Steierzueler. “Mir fannen et extrem ongerecht, virun allem wann et ëm héich Zomme geet. An heiansdo sinn et ganz héich Zommen - si mer der Meenung: wann eppes net geschëlt ass, hu si et och net ze reklaméieren. An doduerch entsteet hinne jo kee Schued.”
RTL-News: Steierverwaltung: Streng an eesäiteg bei Reevaluatioun vun Dossieren?