Wichteg, well vill um Spill steet. Fir déi Gréng selwer, déi an der Lescht u Support verluer hunn, mä awer och fir d’EU. Et geet ëm d’Richtung, déi Europa hëlt an turbulenten Zäiten, an deenen d’EU, um Beispill vu Russland, externe Facteuren ausgesat ass. Och intern gi bei den Europawale Weiche gestallt. Déi Gréng wëllen do géint rietsextrem Tendenze stoen.
Déi Gréng setzen op Nohaltegkeet am koherenten a sozialgerechten Ëmgang mam Mënsch, der Natur an der Wirtschaft. D’Diskussioun iwwert d’Ofschafe vun der Eestëmmegkeet op europäeschem Niveau dierft keen Tabu sinn. D’EU-Parlament misst am Decisiounsprozess opgewäert ginn
De Fabricio Costa, Co-Spëtzekandidat, resuméiert déi gréng Europapolitik esou:
“Mir sti fir een Europa vun der Zukunft, vum net no hanne kucken, vum Zesummestoen. A mir sinn do ganz optimistesch, dass mir mat deene Messagen och d’Leit kënne begeeschteren fir en Europa, dat och Zukunft huet, wou mer net just déi ganzen Zäit soen, dass Europa Schold ass, mä wou mir d’Méiglechkeete gesinn fir d’nohalteg Transitioun, déi mir musse maachen. Do, wou mir wierklech der Meenung sinn, dass, wa mir do eng intelligent Politik maachen, mir d’Leit net auserneen dreiwen, mä se mat huelen. Da kënne mir grouss Chancë fir jiddwereen erausschloen an den nächste Joren.”
Elo geet et an d’Walcampagne. Hallefnuecht gouf ugefaange mat de Walplakater. Et geet do nom Motto: “Den Éischten ass vir”.