Et ass eng Première um Krautmaart. D’Aarbecht vun den Deputéierten aus fënnef Kommissioune gëtt an Zukunft live via Internet iwwerdroen. Bis elo waren esou Sëtzungen ëmmer hannert zouenen Dieren.
Elo ginn d’Kommissioune fir Landwirtschaft, Logement, Environnement, Educatioun a Medie gestreamt. Den CSV-Deputéierte Felix Eischen huet als President vun der Medien a Kommunikatiounskommissioun en Dënschdeg dëst neit Kapitel an der Chamberaarbecht agelaut.
“Gudde Mëtteg alleguer, mir sinn en nombre. Ech erlabe mer dann d’Sitzung opzemaachen a si frou an houfreg haut de Mëtteg, déi éischt Kommissiounssëtzung ze presidéieren, déi “en direct” no baussen iwwerdroe gëtt. Ze gesinn op Chamber.lu”
Déi allermeeschten Deputéiert hunn no der Sëtzung begréisst, datt d’Leit hinnen och elo an de Kommissiounen bei hirer Aarbecht kënnen nolauschteren an nokucken.
Zum Beispill de François Bausch vun déi Gréng: “Ech si frou, datt endlech iwwerdroe gëtt. Dat bréngt méi Transparenz fir d’Press, fir d’Ëffentlechkeet. Dat wat an anere Parlamenter schonn eng Normalitéit ass, gëtt et elo och hei emol als Pilotprojet an enge Rei Kommissiounen an ech hoffe vum Hierscht un an alle Kommissiounen, well et gëtt eigentlech kee Grond fir dat net ze maachen. Esou kann d’Ëffentlechkeet sech e komplett Bild maachen, wéi déi eenzel Deputéiert virbereet sinn, wat se soen a wat d’Ministesch seet.”
Duerch d’Live-Iwwerdroung géif d’Aarbecht an de Kommissiounen nach vill méi seriö ginn, fënnt net just de François Bausch, mä och d’Francine Closener vun der LSAP.
“Ech si sécher, datt et fir d’Ministere scho wichteg ass, dass se sech gutt preparéieren an deene Kommissiounssëtzungen, datt se vläicht och net ëmmer kënnen d’Wuert un hir Beamten ofginn, dofir mengen ech, ass och schonn e gewëssenen Drock op hinnen. Och um Rapporter, dee säin Dossier besser muss selwer kënne plädéieren oder kennen, wéi dat vläicht soss de Fall wier.”
En Dënschdeg war et eng ganz roueg a sachlech Sëtzung, mä et héiert ee Rieds a Lénks, datt et an deene Kommissiounen och mol richteg ka knuppen. Dat confirméiert och den DP-Deputéierte Guy Arendt: “Et geet net ëmmer sou gedam. Dat muss een éierlech soen. Dat hei ass natierlech och kee Sujet gewiescht, wou elo grouss Streidereien oder Differenze waren. Mir sinn eis alleguerten eens, datt d’Kommunikatioun an d’Medie musse gefërdert ginn.”
D’Live-Iwwerdroung ass scho wichteg fir d’Ëffentlechkeet fënnt den Tom Weidig vun der ADR, mä fir hien gëtt et ee Bemol. D’Kamerae kéinten den Deputéierten hir Aarbecht och aschränken.
“Wann ee Mol eng Kéier net weess wat e Wuert heescht a wann et um Fernsee* ass, da freet een net no wat d’Wuert heescht. Ouni d’Ëffentlechkeet, da freet ee wat deen Terme bedeit. Ech mengen do zécken d’Leit e bëssen, well se sech keng Schwächt wëlle ginn an dat ass bësse vläicht e Problem.”
Iwwert déi nächst Méint gëtt gekuckt, wéi dëse Pilotprojet sech entwéckelt, an da gëtt géint Enn dës Joers eng Evaluatioun gemaach an decidéiert, ob een och déi aner Kommissiounen an Zukunft op chd.lu ka lauschteren a kucken.
*D’Kommissiounen ginn net op Chamber TV iwwerdroen, mä um Internetsite vun der Chamber.
Datt d’Kommissiounen net wéi d’Plenière - wou déi 60 Deputéiert zesumme sinn - och op Chamber TV iwwerdroe gëtt, hätt en technesche Grond, sou de Claude Wiseler:
“Mir hunn nëmmen ee Kanal op der Tëlee, mä et ka gutt sinn, datt dacks zwou oder dräi Kommissiounen zur selwechter Zäit sinn. Do kéinte mer also net alles iwwerdroen. Mir missten e Choix maachen tëschent där enger an där anerer Kommissioun, dat wëlle mer awer net. Iwwert de Streaming op eisem Site kann een all Kommissioun iwwerdroen an dat ass fir eis wesentlech gewiescht. Elo kucke mer och nach wéi vill Leit dat kucken, wéi grouss den Intressi ass. Bei der Evaluatioun ass et awer net d’Zuel vun de Leit, déi fir eis wesentlech ass. Wesentlech ass, datt d’Leit et kënne kucken.”