
An der Rue Jean Jaurès war eng Patrull op zwee sichtlech alkoholiséiert Männer opmierksam ginn. Ee vun hinnen ass op der Strooss getierkelt an hie gouf opgefuerdert, um Trëttoir weiderzegoen. Wéi d’Police präziséiert, huet de Mann och gefollegt.
Ma kuerz drop ass de Beamten dunn en Auto opgefall, dee Problemer beim Ausparken hat a bei deem de Chauffer wuel och de Knäppche fir d’Luuchten net fonnt hat. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass et sech ëm béid Männer vu virdrun handelt. Lo gouf et da kee gutt gemengte Rot vun der Police, ma en Alkoholtest an deen ass positiv verlaf. De Mann, dee fuere wollt, krut e provisoresche Fuerverbuet.