ADR-Walprogramm fir Europawalen"Fir e staarkt Lëtzebuerg an Europa"

Pit Everling
Op iwwer 100 Säite Walprogramm mécht d'Oppositiounspartei sech staark fir eng pragmatesch Europapolitik, bei där souverän Staaten eng staark Stëmm hunn.
© Pit Everling

An der EU ass d’Vertraue bei ville Leit fort, dat seet d’ADR, déi de Programm fir d’Europawalen en Donneschdeg presentéiert huet. D’Dokument ass iwwerschriwwe mam Slogan “Fir e staarkt Lëtzebuerg an Europa”. D’Oppositiounspartei mécht sech staark fir eng pragmatesch Europapolitik, bei där souverän Staaten eng staark Stëmm hunn, dat an engem schwierege geopolitesche Kontext. A punkto Ukrain-Konflikt géing d’EU an der Sakgaass stiechen, seet d’ADR.

ADR Europawalen / Reportage Pit Everling

De Westen hätt kee Plang oder Konzept méi, sou de Spëtzekandidat Fernand Kartheiser. “Um Niveau vun den europäesche Regierungen ass mëttlerweil gewosst, datt d’Ukrain dee Krich net ka gewannen”.

Et wier e Feeler gewiescht, all eventuell Verhandlunge mat Russland ze blockéieren, sou d’ADR. Et wier ee fir eng sécherheetspolitesch Kooperatioun an der Unioun, awer géint eng europäesch Arméi. Europa misst sech dogéint ekonomesch besser opstellen, fir mat den USA, China a Russland kënne matzehalen. Et wier e Verloscht vun Afloss vun den europäesche Staate festzestellen.

D’ADR zeechent e Bild vun enger Vertrauenskris an der EU. Ee Volet wier do d’Aschränkung vun der Meenungsfräiheet. “Et ass net nëmmen e Gefill, datt mat nationalen an internationale legislativen Initiative fir d’Meenungsfräiheet ëmmer méi anzeschränken, dat geet vu fake news bis bei hate speech.

D’Migratiounspolitik aus de leschte Jore wier en Echec. “Et gouf eng massiv Immigratioun, zu engem ganz groussen Deel aus ekonomesche Grënn. D’Staate kéimen ëmmer méi op dat eraus, wat mir vun Ufank u verlaangt hunn: de Respekt vun den internationale Konventiounen am Asylberäich, awer net onkontrolléiert Immigratioun, mat all deene Probleemer, déi domadder verbonne sinn.

Datt d’Atomkraaft eng gewëss Renaissance feiere soll, dozou seet d’ADR, datt een a punkto Technologien oppe wier. Déi däitsch Energiewende wier op alle Fall e Fiasko. Och de Verbennermoteur dierft net gesetzlech ofgeschaaft ginn, sou d’ADR.

ADR-Kandidaten, déi aktuell an der Chamber oder am Staatsrot siegéieren, déi wäerten – sollte se gewielt ginn – hiert Mandat am Europaparlament unhuelen, preziséiert nach de Fernand Kartheiser.

Back to Top
CIM LOGO