Landeskonferenz vun der KPL fir d'Europawalen"Fir en Europa vum Fridden, der Solidaritéit an der sozialer Gerechtegkeet"

RTL Lëtzebuerg
D'Kommunistesch Partei huet sech e Sonndeg zu Rëmeleng Rendez-vous ginn. Et ass ëm d'Strategie an de Programm fir den Europawalkampf gaangen.
© KPL

Ënnert dem Slogan “Sozialofbau an Oprëschtung? Net mat eis!”, hunn d’Kommunisten hire Walprogramm festgeluecht, an deem et besonnesch schaarf Kritik géint d’Europäesch Unioun gouf, déi d’KPL als “net reforméierbar” gesäit. Militariséierung, déi klëmmt, Manktem un Demokratie, Ofbau vu soziale Rechter an eng feelend konsequent Klimapolitik gehéieren dobäi zu de wichtegste Punkten, déi am Programm vun der KPL ugeschwat ginn.

D’Kommuniste fuerderen ënner anerem d’Fërdere vun erneierbaren Energien, d'35-Stonne-Woch bei vollem Lounausgläich, e Stopp vu Waffeliwwerungen un d’Ukrain an eng méi staark Besteierung vu groussen Entreprisen a Finanzgesellschaften.

D’KPL geet den 9. Juni mam Ali Ruckert als Spëtzekandidat an d’Europawalen. Mat him op der Lëscht vertruede sinn den Alain Herman, d’Dzenana Adrovic, d’Claudine Muno, den Eduardo Tiberi an den Enrique Guerrero.

Pressecommuniqué iwwer d'Landeskonferenz vun der KPL fir d'Europawalen den 28. Abrëll zu Rëmeleng

Back to Top
CIM LOGO