D’Initiativ aus Groussbritannie gouf virun 2 Joer vum Naturschutzsyndikat aus dem Südoste vum Land opgegraff. Dëst Joer maache lo och déi 9 Gemengen aus dem Naturpark Our mat.
Et geet drëms, genuch Gréngfläche fir d’Insekten intakt ze loossen. Do wou nämlech net geméint ass, fannen si genuch Blumme fir ze bestëbsen.
Do dernieft wëll d’Gemeng Wëntger d’Kanner scho mat Zäite fir d’Natur begeeschteren an hinne mat op de Wee ginn, dass et wichteg ass, d’Biodiversitéit ze respektéieren. Zanter engem Joer gëtt et dowéinst am Helzer Bësch en Insektepad. Dësen ass ronn 3 Kilometer laang a besteet aus 9 Statiounen. Hei ginn déi Jonk esou munches iwwer d’Déieren an hir Welt gewuer.