Ma dat huet déi zwee Spëtzekandidate vun der CSV, Isabel Wiseler-Lima a Christophe Hansen, awer net dru gehënnert, op enger Pressekonferenz nach emol hir Prioritéiten ervirzehiewen. “Fir eng staark Stëmm an Europa”, esou de Slogan vun de Chrëschtlech-Sozialen. Déi selwer ernannt “Europapartei” mécht sech ënner anerem staark, fir erneierbar an nohalteg Energië virunzedreiwen. Dernieft sollen onnéideg administrativ Paperassen den Entreprisen erspuert bleiwen. Virun allem awer wëll d’CSV sozial Ongerechtegkeete bekämpfen, an dass d’Demokratie an Europa garantéiert ass. D’Europadeputéiert, CSV-Spëtzekandidatin Isabel Wiseler-Lima erkläert.
“Mir si bedrot, souwuel vu bausse, wéi vu bannen. Ech mengen, Russland weist sech als eng expansionistesch Muecht, militäresch Muecht. A vu bannen hu mer rietsextrem. A mir hunn och Länner, déi sech vun der Demokratie ewechbeweegen, jiddefalls vun der Rechtsstaatlechkeet, sou wéi Ungarn. Dofir, fir eis ass et extrem wichteg, Fräiheet a Sécherheet ze verdeedegen, well et ass dat, wat de Grond mécht vun eisen Demokratien. An ouni Demokratie kréie mer souwisou näischt anescht gemaach.”
Op 4 Walversammlungen am Juni, grad wéi op de Mäert a soss Evenementer, wou ee ville Leit begéint, wëllen d’CSV-Kandidaten de Wieler nolauschteren an hir eegen Iddie virstellen. Déi chrëschtlech-sozial wäerten déi nächst Wochen iwwer och mat engem personaliséierte Mini-Bus on Tour goen. Op hire Plakater huet d’Partei bewosst op Biller verzicht, fir datt d’Bierger sech hir Messagë méi kloer kënne aprägen.