
Den Accord leeft bis Enn 2024 a garantéiert deemno de Lëtzebuerger Produktiounssitte vu Guardian zu Käerjeng, wou eng 400 Leit schaffen.
Am Plang sinn och Aarbechtszäit-Reduktioune virgesinn - dës dierfen awer op ee Salarié gerechent keng 1.700 Stonnen d’Joer depasséieren.
Iwwert déi lescht Jore war Guardian ëmmer nees an de Nouvellen, well et den Ofbau vun Aarbechtsplaze gouf, grad wéi e Sozialkonflikt, deen d’Zukunft vun de Lëtzebuerger Fabricken a Fro gestallt hat.
Zejoert haten d’Regierung a Guardian annoncéiert, datt zu Käerjeng eng nei Produktiounslinn wäert entstoen, déi d’nächst Joer wäert ulafen.
Den Automobil-Zouliwwerer Webasto iwwerhëlt Carlex Lëtzebuerg, e Glasproduzent fir den Autossecteur.
Um Site vu Carlex zu Gréiwemaacher schaffe 500 Leit an deenen hir Aarbechtsplaz wier elo geséchert, heescht et.
De Standuert Gréiwemaacher gëtt et zënter 30 Joer. En huet d’éischt zum amerikanesche Grupp “Guardian” gehéiert a gouf 2014 vu Carlex iwwerholl. Ënner anerem ginn Autosfënsteren an Toits ouvrants do produzéiert. Den neien Numm ass Webasto Luxembourg S.A.
Den däitschen Acteur Webasto gehéiert zu den 100 gréissten Automobil-Zouliwwerer vun der Welt an ass ënner anerem bekannt fir Heiz- a Killsystemer.