FraestreikFir méi international Solidaritéit a géint Ongläichheeten

RTL Lëtzebuerg
Um Weltfraendag den 8. Mäerz organiséiert de JIF d'Marche féministe an der Stad.
JIF presentéiert Fuerderunge fir de Fraestreik
D’Maxime Miltgen iwwert verschidde vun hire Fuerderungen, déi am Alldag vun de Leit misste méi ëmgesat ginn.

Méi Solidaritéit a méi Moyene géint Gewalt u Fraen, Minoritéiten a Kanner. Dat sinn nëmmen e puer Fuerderunge vun der feministescher Plattform JIF, zwou Woche virum internationale Weltfraendag den 8. Mäerz, op deem d’Plattform zu Lëtzebuerg och op en neits hir marche féministe organiséiert.

Sech fir jiddereen asetzen, deen an der Gesellschaft ënnerdréckt gëtt, dofir steet déi feministesch Plattform JIF, déi en Donneschdeg de Moien hir Fuerderungen en vue vum internationale Weltfraendag presentéiert huet, erkläert d’Milena Steinmetzer vum OGBL equality.

Mir sichen eis am Fong all Joer ëmmer véier Schwéierpunkten eraus, well et ëmmer esou vill Saache ginn, déi mir kéinten uschwätzen. An dëst Joer hu mer de Fokus geluecht op déi international Solidaritéit, well mir einfach mierken, dass den internationale politesche Kontext éischter net esou déi gutt Richtung geet fir d‘Fraen an dass mir do ganz vill mat Antifeminismus an aneren Diskriminatioune konfrontéiert sinn.

E weidere Volet fir dee sech d‘Plattform JIF asetzt, ass déi sozial Gerechtegkeet an d‘Recht iwwer säin eegene Kierper ze bestëmmen. D’Lutte géint Gewalt géigeniwwer Fraen an Kanner ass genee esou ee Sujet, fir dee si sech staark maachen.

Do ass och bëssi den Appell, dee mir och schonn déi lescht Jore gemaach hunn, dass Politik roueg soll bei eis ofschreiwen, dass mir déi Saachen och wierklech kënnen an de Gesetzer veränneren, dat ass eis hält wichteg, dass mir niewent Sensibilisatiounscampagnen an esou weider eeben och ganz konkret Mesuren an de Gesetzer änneren a Saachen en Place setzen, fir déi Situatiounen ze veränneren.

En internationale Problem, op deen d‘JIF nach opmierksam mécht, ass den opkommenden Antifeminismus an Haass géigeniwwer Fraen a Minoritéiten an de sozialen Netzwierker.

Bei de Paie géing et mëttlerweil tëscht Mann a Fra eng Egalitéit ginn, bei de Pensioune géing dat awer anescht ausgesinn, esou d‘Maxime Miltgen aus dem Comité vum JIF.

Aktuell ass et esou, dass mir leider zu Lëtzebuerg Spëtzereider si beim ‘pension pay gap’. Dat heescht mir hunn 36 Prozent manner Pensioun bei de Frae wéi bei de Männer, wéinst verschidde Facteuren an domat kann ee sech wierklech net bretzen als Land, dass een do Spëtzereider an Europa ass. Dat muss definitiv Theema sinn an der Debatt ronderëm d‘Pensiounen zu Lëtzebuerg.”

Dat géing ënnert anerem doru leien, dass Frae méi Deelzäit schaffen an och méi dacks ophale mat schaffen, fir Doheem op hir Kanner oder aner Familljememberen opzepassen.

Treffpunkt fir d‘Marche féministe ass den 8. Mäerz um 15 Auer op der Paräisser Plaz. Vun do aus geet et op de Knuedler, wou ënnert anerem Rieden zu de verschiddene Revendicatioune gehale ginn.

Fuerderunge vum Fraestreik / Reportage Chris Meisch

PDF: De Communiqué vum JIF

Back to Top
CIM LOGO