Finanzminister Gilles Roth"Fir vill Leit ass Boergeld nach ëmmer en Ausdrock vu perséinlecher Fräiheet"

RTL Lëtzebuerg
An der Froestonn wollt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar vum CSV-Minister wëssen, wéi een Impakt den digitalen Euro op d'Boergeld géif kréien.
© SIP / Julien Warnand

D’Europäesch Zentralbank hat e Méindeg offiziell annoncéiert, datt deen agefouert gëtt. De Gilles Roth huet verséchert, datt d’Recht op Boergeld domadder net a Fro gestallt ass.

De Gilles Roth

Onofhängeg dovunner, datt mer den digitalen Euro aféieren, wat eng richteg Decisioun ass. Déi europäesch Zentralbank ënnersträicht dat och nach eng Kéier ganz kloer. Den digitalen Euro, wou de Cours 1:1 ass zu dem normalen Euro, deen ass komplementär. Et gëtt also net eppes geschafen, fir eppes aneschters ofzeschafen.

De Gilles Roth huet drun erënnert, datt et och zënter dem Juni zejoert en europäescht Reglement gëtt, mat deem d’Boergeld als gesetzlecht Mëttel fir ze bezuele geschützt gëtt an hien huet preziséiert, datt et zu Lëtzebuerg 535 Bankautomate gëtt, wou ee Sue kann ophiewen. Domadder léich de Grand-Duché iwwert dem Duerchschnëtt vun der Eurozon.

Zu Lëtzebuerg ginn 59 Prozent vun alle Geldtransaktioune mat Cash gemaach a méi wéi all Drëtten huet och Suen op Reserv doheem.

Déi Chifferen huet de Finanzminister aus enger Etüd vun der Lëtzebuerger Zentralbank vun 2022 zitéiert, sot allerdéngs och, et wéisst een net a wéi wäit sech duerch d’Covid-Pandemie eppes un deene Gewunnechte geännert hätt.

Back to Top
CIM LOGO