MouvecoFir wat steet dës Regierung?

RTL Lëtzebuerg
Déi Fro stellt de Mouvement Ecologique an engem Communiqué an deem si op d'Aussoe vum Premier Luc Frieden a puncto Atomkraaft reagéieren.
© Mouvement Ecologique

Hien hätt en Donneschdeg en Tabu gebrach, andeems hien den éischte Premier wier, deen d’Positioun vu Lëtzebuerg nuancéiere géif. Um Kongress vum Mouvement ecologique en Donneschdeg den Owend hätt den Ëmweltminsiter Serge Wilmes d’Positioun vun der Regierung géint d’Atomkraaft allerdéngs formell confirméiert. Dat géif Froen opwerfen a puncto Fonctionement vun der Regierung. Wéi kéint et sinn, datt de Premier Aussoe mécht, déi net am Aklang si mat deene vum Ëmweltminister, freet sech de MouvEco a fuerdert, datt d’Anti-Atompolitik ouni Diskussioun bäibehale gëtt.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO