
Am zweete Barometer vun dëser Zort koum ënner anerem eraus, datt et zu Lëtzebuerg am Moment schwiereg bleift ze rekrutéieren.
Firme géifen ze dacks déi selwecht Profiller sichen, den Aarbechtsmaart wier ze vill op sougenannt reglementaresch Beruffer axéiert, an datt den Index iwwerdeems keen Argument wier, dat Leit aus dem Ausland géif ulackelen.
De Michel Reckinger, President vun der UEL, sot zu der Etüd:“Mat dësem Barometer wëll d’UEL d’Situatioun um Aarbechtsmarché objektivéieren an d’Hiewele verstoen, virun allem déi steierlech, mat deene mer Talenter op Lëtzebuerg lackele kënnen.”