Risk vun DauerreenFirwat déi aktuell Wiederwarnung net via LU-Alert verschéckt gouf

RTL Lëtzebuerg
Donneschdes stellt de Minister en neie Warnsystem vir, freides warnt Meteolux weider op déi al Manéier. Erklärung: "Mir sinn nach an der Testphas."

“Gëschter ass jo LU-Alert virgestallt a lancéiert ginn. Elo ass haut jo offiziell eng Alerte Jaune wéinst Reen, leider ass dës weeder an der App nach op der Internetsäit ze fanne bei ‘Alerte en cours’. Do si just d’Tester. Kéint Dir do villäicht eng Kéier nofroen, ob de System net funktionéiert?”

Dës Fro krut RTL e Freideg am spéide Moie gemailt ... an do hat ee se sech och ewell selwer gestallt.

Wat war geschitt?

En Donneschdeg huet den Inneminister Léon Gloden den neien nationale Warnsystem LU-Alert virgestallt. Dee steet ënner dem Motto “Early Warning – Early Action” (also: fréi warnen, fréi agéieren) a schafft mat verschiddene Warnniveauen: Giel heescht niddrege Risiko, also datt d’Situatioun nach net esou schlëmm ass, Orange ass e mëttel-héije Risiko a Rout ass natierlech en héije Risiko. Nei ass de mofen Niveau, dat heescht “Danger imminent”. Do géing een dann och direkt eng Aktioun vun der Populatioun erwaarden.

Fir deen neie System ze testen, ass en Donneschdeg eng Warn-SMS “Inondations” verschéckt ginn an e Freideg de Moien eng “Verglas”. Déi éischt war mat TEST gekennzeechent, déi zweet esouguer mat TEST TEST TEST. Béid sinn nozeliesen um Internetsite vun LU-Alert.

Operationell, awer nach am Test

Nieft den Tester gouf et um Freideg de Moien awer och nach eng reell Warnung an zwar vu Meteolux. Gewarnt gouf virun enger méiglecher Gefor duerch vill Reen an der Nuecht op e Samschdeg. Ma dës “Alerte Jaune” wéinst Dauerreen gouf net via LU-Alert weiderginn a war och net op dem entspriechenden Internetsite ze fannen ... wouriwwer sech nawell eng Partie Leit gewonnert hunn, dorënner deen, deen RTL geschriwwen hat.

Op Nofro heescht et vum Inneministère, deen neie System wier nach an der Testphas, dat wier och bei der Presentatioun gesot ginn. E wier zwar operationell, mee bis d’Testphas ofgeschloss wier, géif nach op déi traditionell Aart a Weis informéiert ginn.

Just bei enger ganz akuter Gefor géif LU-Alert elo schonns an den Asaz kommen, Testphas hin oder hier.

D’Testphas soll iwweregens nach bis de 25. Oktober daueren. Donieft soll, wéi bis elo, weider eemol de Mount en Test verschéckt ginn.

RTL-NEWS: LU-Alert – Neie Warn an Informatiounssystem.
RTL-NEWS: An der Nuecht op e Samschdeg – Alerte Jaune wéinst “Dauerreen”.

Back to Top
CIM LOGO