Zu Schraasseg beim PrisongFirwat stinn hei zwee eeler Autosmodeller laanscht d'Strooss?

Christophe Hochard
Zwee eeler Gefierer stinn zanter enger Zäit verloossen um Parking. Hir Zukunft läit beim CGDIS. Si kréien d'Autoe vun der Prisongsdirektioun geschenkt.
© Christophe Hochard

Wann een den Ament tëscht Sandweiler an Éiter op der Haaptstrooss ënnerwee ass, gesäit een ënnert anerem e Schantjen, ma op dëser N28 fiert ee forcement och laanscht de Schraasseger Prisong. Op hirem Parking erbléckst een zwee Autoen. Et sinn eeler Modeller a si sinn an engem desolaten Zoustand.

Bei der Direktioun vum Prisong nogefrot heescht et, dës zwee Gefierer hätten eng Zäitlaang zum Atelier “Garage” vum Prisong gehéiert. Un dësen alen Autoen hätten d’Prisonéier geschafft, fir zum Beispill ze leieren, wéi een d’Pneue wiesselt.

D’Autoe ginn net méi gebraucht. Direktioun vum Prisong huet dës zwee Ween elo dem CGDIS zur Verfügung gestallt a si waarden elo drop, ofgeholl ze ginn. Déi brauchen dës fir ze trainéieren. Déi zwee al Gefierer wären op de Parking ofgestallt ginn, fir et de Mataarbechter vum CGDIS méi einfach ze maachen, d’Autoen ewechzehuelen. Esou brauche si net déi ganz Prozedur ze duerchlafen, fir hannert d’Prisongsmaueren ze kommen, fir déi zwee Ween opzelueden a mat an d’Kasär ze huelen.

Zu Dummeldeng: Firwat sti Schrottautoen um Site vun “Arcelor Mittal”?

Back to Top
CIM LOGO