Wie scho laanscht Dummeldeng gefuer ass, huet sech vläicht gefrot, firwat sou vill Autoen um Site vun "Arcelor Mittal" stinn.

Wéi de CGDIS RTL op Nofro matgedeelt huet, sinn et Schrottautoen, déi depolluéiert gi sinn an zu Dummeldeng tëschegelagert ginn. Dës ginn herno am Kader vun Exercicer, wéi zum Beispill fir Formation continuen, benotzt.

Geliwwert kritt de CGDIS déi depolluéiert Ween vun zwou Firmaen, mat deene si zesumme schaffen. Heiansdo kréie si och emol Autoe vum Enregistrement.

De CGDIS preziséiert och nach, datt vun hinnen aus net um Site geschafft gëtt, mä et just Stockage ass.