DiddelengFligerkiermes vum Aéro Club Dudelange dëse Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Den Aéro Club Dudelange invitéiert op seng Fligerkirmes de Sonndeg, 26. Juli.
© Aero Club Dudelange

Wéi d'Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL) an hirem Communiqué matdeelt, mécht den Aéro Club Dudelange dëse Sonndeg de 26. Juli d'Diere fir seng traditionell Fligerkiermes op. Vun 10:00 bis 19:00 Auer kënnen d'Visiteure sech op eng gratis Entrée an e spannenden Dag freeën.

De ganzen Dag iwwer kennen d'Gäscht Demonstratioune vu ferngesteierte Modellfligere kucken, d'Membere vum Veräi kenneléieren an eng Disziplin entdecken, déi Präzisioun, Technik a Begeeschterung fir d'Fligerei verbënnt.

Fir déi, déi selwer emol d'Steier wëllen an d'Hand huelen, gëtt et d'Méiglechkeet, mat engem spezielle Fluchsimulator éischt Erfarungen ze sammelen. Ufänger ginn dobäi vun den erfuerene Membere vum Club begleet a kréien déi néideg Ënnerstëtzung. Och déi jonk Visiteure kommen net ze kuerz: An engem Atelier kënne si hiren eegene klenge Fliger aus Holz bauen an dëse spéider mat heem huelen.

E weideren Highlight vum Dag ass d'Participatioun vu Skydive Luxembourg. D'Fallschiermsprang-Associatioun, déi Member vun der Lëtzebuerger Loftfaartfederatioun (FAL) ass, wäert Fallschiermsprong-Demonstratioune weisen.

Wéini?

Sonndeg, 26. Juli 2026 vun 10 bis 19 Auer

Wou?

Aéro Club Dudelange

Weider Informatiounen

Back to Top
CIM LOGO