Läschfliger aus LëtzebuergFlott gëtt ausgebaut an éischt Asätz a Spuenien

Pierre Weimerskirch
Aquarius Aerial Firefighting ass en neit Departement vun der Cargolux. Mat den aktuell 4 Fliger wëll ee virop Bëschbränn bekämpfen.
Lëtzebuerger Läschfliger iwwer Iechternacher Séi an um Findel
Aquarius Aerial Firefighting ass en neit Departement vun der Cargolux. Mat den aktuelle 4 Fliger wëll ee virop Bëschbränn bekämpfen.

Zanter Mee kéint een Asätz fléien, esou de CEO Wieger Ketellapper , dee selwer Pilot ass an och d’Maschinne ka bedéngen.

En éischte Kontrakt huet ee mat der spuenescher Regierung. 3 Läschfliger sinn den Ament permanent a Spuenien an der Géigend vu Valencia stationéiert a kënnen, wa gebraucht, bannent 15 Minutten op en Asaz starten.

D'Läschfligeren aus Lëtzebuerg am Fluch iwwer Spuenien
3 Läschfliger sinn den Ament permanent an der Géigend vu Valencia stationéiert.
3 Läschfliger aus Lëtzebuerg a Spuenien am Asaz
D’Fliger gehéieren zum neie Cargolux-Departement Aquarius Aerial Firefighting an hëllefe Bëschbränn ze bekämpfen.

Bëschbränn a Portugal

Och a Portugal gëtt et aktuell vill Bëschbränn. Déi 4. Maschinn, déi een zanter August huet, kéint do an den Asaz kommen, wa se nach gebraucht gëtt. “Mir haten et e puer Mol, dass mer gefrot gi sinn, fir hëllefen ze kommen, ma dunn nees kuerzfristeg gesot kruten, dass mir net gebraucht ginn”, esou de Wieger Ketellapper am Interview. Dat wier eben Deel vum Business.

Et géif och Gespréicher mat der Lëtzebuerger Regierung ginn, fir ze kucken, wéi een an Zukunft kéint zesummeschaffen. Weider Fligere sollen dobäikommen. 2026 wéilt een 12 Fligere zur Verfügung hunn.

Promofilm um Findel a Vol iwwer Iechternacher Séi

Um Dënschdegmëtte gouf um Findel e Promofilm gedréint. Insgesamt gouf 5 Mol Waasser erausgelooss. Et wier och d’Méiglechkeet gewiescht, dem Personal vun der Cargolux ze weisen, wéi esou Asätz ausgesinn. Géint 16.30 Auer konnt een déi giel-rout Maschinn iwwer dem Iechternacher Sei fléie gesinn, dat well een e Sonndeg um nationalen Dag vum CGDIS eng Virféierung mécht. DAC hätt eng Geneemegung ginn, dass de Pilot sech d’Plaz kéint ukucken. E Sonndeg géint 14 Auer géif dann och Waasser iwwer dem Iechternacher Séi erofgelooss ginn.

Gutt ze wëssen: Quasi all d’Läschfligere si giel, rout wier den Touch Cargolux, deen ee wollt bei de Fligere bäibehalen, esou de CEO vun Aquarius Aerial Firefighting.

Back to Top
CIM LOGO