
Op dësem 10. Mee haten 43 vun de 84 geplangte Flich Verspéidungen, 10 hu komplett missen annuléiert ginn.
Wat de Remboursement wéinst de Verspéidungen an Annulatiounen ugeet, solle sech d’Passagéier an engem éischte Schrëtt un d’Airline wenden, sou d’Schreiwes vum Fluchhafebedreiwer um Freideg.
Well de Feeler awer bei LuxAirport läit, kéint d’Fluchgesellschaft duerno eventuell eng Ufro beim Fluchhafe maachen.
Och wann Lux-Airport engem anere Reglement ënnerläit wéi d’Airlines.