Um Virowend vun NationalfeierdagFotoen a Videoen: Grand-Duc zu Maacher, Ierfgroussherzog zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Wei all Joer besicht déi groussherzoglech Famill eng Gemeng vum Land. Dëst Joer sinn de Grand Duc-Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa op der Musel.
De Grand-Duc zu Maacher um Virowend
Wei all Joer besicht déi groussherzoglech Famill eng Gemeng vum Land. Dëst Joer sinn de Grand Duc-Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa op der Musel.

Déi groussherzoglech Koppel huet an der Muselmetropol Gréiwemaacher, wou Kleng a Grouss sech op den héije Besuch gefreet hunn. Et gouf e flotte Programm gebueden, wou déi Jonk staark vertruede waren, sief et bei der Konscht oder der Musek.

Andréck vum Virowend zu Maacher an zu Esch
Wei all Joer besicht déi groussherzoglech Famill eng Gemeng vum Land. Dëst Joer sinn de Grand Duc-Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa op der Musel.

Dobäi war et bei wäitem net déi éischt Kéier, dass de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa op Besuch waren. Op der Musel fillt ee sech weiderhi staark mat der Monarchie verbonnen

Den Ierfgroussherzog Guillaume war zu Esch. Et ass traditionell lassgaange mam Empfang vum neien ale Buergermeeschter op der Brillplaz. Do wou och de Musée de la Résistance ass.

Den Ierfgroussherzog zu Esch
Et ass traditionell lassgaange mam Empfang vum neien ale Buergermeeschter op der Brillplaz.

Back to Top
CIM LOGO