CGDIS mellt zwee Virfäll zu StroossenFoussgänger ugestouss a blesséiert, Feier an Haff vu Schoul

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf e Samschdeg géint 17 Auer e Foussgänger an der sougenannter Chaussée Blanche zu Stroossen vun engem Auto ugestouss.
© RTL Archivbild

Wéi aus hirem Bulletin ervirgeet, gouf dobäi eng Persoun verwonnt. Méi Detailer sinn net gewosst.

Méi spéit gouf zu Stroossen dann nach e Feier gemellt. Kuerz no 22.30 Auer hat et am Haff vun enger Schoul gebrannt. Kengem ass hei eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO