Zwee Blesséierter op eise Stroossen Foussgänger ugestouss a Kollisioun tëscht Cyclist a Foussgänger

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippen aus der Stad waren e Méindeg de Mëtteg op zwee verschidden Accidenter geruff ginn. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.

Um Kierchbierg war et kuerz no 13 Auer e Foussgänger, dee vun engem Won ugestouss a blesséiert gouf.

Géint 16.05 Auer koumen iwwerdeem e Cyclist an e Foussgänger zu Märel net laanschteneen. Och hei gouf et ee Blesséierten.

A béide Fäll waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad, déi um Asaz waren.

Back to Top
CIM LOGO