
Géint 8 Auer e Méindeg de Moien hat et op der A7 vu Colmer-Bierg a Richtung Mierscherbierg tëscht engem Bus an engem Auto geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Nordstad, vu Colmer a vu Biissen versuergt.
E weidere Blesséierte gouf et quasi zäitgläich op der N2 tëscht Bous a Réimech, wéi zwee Autoen net laanschtenee koumen. Nieft den Ambulancieren aus der Stad waren och d’Pompjeeë vu Réimech op der Plaz.
De Samu vun Esch an d’Rettungsekippe vum SaDiff waren iwwerdeem kuerz virun 9 Auer an d’Rue Metzerlach zu Zolwer geruff ginn, nodeems hei eng Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert gouf.