An der UewerstadFoussgänger vu Bus ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie waren d'Ekippe vum 112 op zwee Accidenter geruff ginn. An engem Fall war et en automateschen Noutruff vun engem Handy.
© RTL

Géint 10.24 Auer war beim CGDIS en Noutruff agaangen, dee vun engem Handy geschéckt gouf. Dat nodeems op der A6 a Richtung Stad en Accident geschitt war. D’Rettungsekippe vu Mamer a Koler waren um Asaz.

An der Uewerstad ass kuerz drop an der Avenue Monterey eng Persoun vun engem Bus ugestouss ginn. D’Secouristen aus der Stad hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

RTL-News: Noutruff per E-Call Wann d’Technik am Auto automatesch Liewe rett

Back to Top
CIM LOGO