
Zu Helsem an der Rue de l’Industrie gouf en Dënschdeg den Owend géint 17.15 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz. Géint 18 Auer war et dunn een Autosaccident um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser, deen d’Secouristen op de Plang geruff huet. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Géint 4 Auer an der Nuecht huet et dann op der Gare an der Rue d’Anvers geknuppt. Zwou Persoune goufen an dem Autosaccident blesséiert.