Samu op der PlazFoussgänger zu Recken ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 22.50 Auer e Sonndegowend krut en Auto an der Rue du Moulin zu Recken bei Miersch e Foussgänger ze paken.

Nieft de Pompjeeë vu Miersch an den Ambulanciere vu Lëntgen war och de Samusdokter vun Ettelbréck op der Plaz.

Donieft huet et am Laf vum Owend op dräi Plazen am Land gebrannt. Zu Hiefenech hat eng Sécherungskëscht an engem Haus Feier gefaangen, zu Gaasperech war et e Kamäin an zu Beetebuerg en Auto. Hei blouf et allkéiers beim Materialschued.

Kuerz no 8 Auer e Méindegmoie sinn dann op der N31 tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng zwee Autoe mat engem Camion kollidéiert. D’Pompjeeë vu Péiteng an d’Ambulanciere vun Esch a vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.

Kamäibrand zu Gaasperech
Kamäibrand zu Gaasperech
© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO