Garer QuartierFra a Verbindung mat Déifställ a Butteker festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg gouf der Police aus der Avenue de la Gare am Garer Quartier een Déifstall an engem Buttek gemellt.
© Police (Archive)

Op der Plaz konnten d’Beamten eng verdächteg Fra stoppen, déi am Laf vun de weideren Ermëttlungen nach mat aneren Déifställ a Verbindung konnt bruecht ginn.

De Parquet gouf informéiert an huet ugeuerdent, d’Fra festzehuelen. Si gouf en Dënschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Zwee Abréch zu Miersch a Bouneweg

Der Police goufen an de leschte Stonnen ausserdeem nach eng Rei Abréch gemellt. E Méindeg am Nomëtteg gouf zum Beispill an eng Wunneng an engem Appartementshaus am Haardterwee zu Miersch agebrach. D’Täter hunn all d’Räim duerchsicht a Bijouen a Boergeld matgoe gelooss.

Zu Bouneweg goufen dann nach éischten Informatiounen no Suen aus engem Haus um Boulevard Kaltreis geklaut. A béide Fäll wier d’Spueresécherung op der Plaz gewiescht an et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geluecht.

Back to Top
CIM LOGO