Zwou alkoholiséiert Persounen am ArrestFra geheit mat Saachen ëm sech a Sträithammel beleidegt Beamten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg hat d'Police nees mat Leit ze dinn, déi ze vill gedronk haten a sech net berouege gelooss hunn.

En éischten Asaz haten d’Polizisten en Donneschdeg den Owend géint 20.15 Auer zu Nidderkuer, wou eng Fra an engem Café an der Avenue de la Liberté mat Saachen ëm sech geheit hat. Op der Plaz war de Beamte kloer, datt d’Fra ze vill gedronk hat. Wéinst hirem Zoustand a well si eng Gefor fir sech selwer an anerer war, koum si no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.

E weidere Mann huet missen d’Nuecht um Policebüro verbréngen. Dat nodeems hie sech no enger Kläpperei am Garer Quartier net berouege loosse wollt an d’Poliziste beleidegt hat. Och hie gouf fir d’éischt vun engem Dokter ënnersicht a koum dono an den Arrest.

Fürerschäiner wéinst Alkohol agezunn

Iwwerdeem hunn d’Beamten zwee Permisen agezunn, well zwee Chaufferen ze vill gedronk haten.

Ee Chauffer war zu Miersch an der Cité Beringen géint 18.25 Auer mat sengem Gefier an e geparkten Auto gerannt. Den Alkoholtest war positiv an den Automobilist krut e provisorescht Fuerverbuet.

Géint 20.20 Auer gouf der Police en Auto gemellt, deen zu Esch an der Groussgaass direkt an e puer geparkte Ween geknuppt war. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk an huet de Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO