
Dräi Onbekannter haten d’Besëtzerin vum Won mat engem Messer menacéiert. Mam geklauten Auto hu si sech dono mat héijer Vitess ewechgemaach, ma wéinst der geféierlecher Fuerweis krut d’Police den Auto e puer Mol gemellt.
Ënner anerem ass de Chauffer iwwer d’Route d’Arlon a Richtung Autobunn A6 gefuer. Eng Sichaktioun gouf direkt lancéiert an de geklaute Won konnt kuerz drop och op der Autobunn ausgemaach ginn. D’Brigange si weider iwwer d’A3 geflücht, an Direktioun Lëtzebuerg. An där Zäit hat sech schonn eng aner Patrull am Rond-point Gluck positionéiert. Un Ophale war awer net ze denken, de Chauffer ass riicht op de Policeauto duergefuer a krut dësen um hënneschten Deel mat héijer Vitess ze paken. Eréischt no der Kollisioun koum den Auto zum Stoen an déi 3 Brigange konnte vun de Polizisten immobiliséiert ginn. Si hate sech beim Accident liicht verwonnt an hu missen op der Plaz versuergt ginn, ier et mat der Ambulanz an d’Spidol goung.
Bei engem vun den Täter gouf dann och en erhéichten Alkoholkonsum festgestallt a bei zwee vun hinne gouf allkéiers e Messer séchergestallt, souwéi eng kleng Quantitéit Drogen.
Op Uerder vum Parquet goufen déi dräi Onéierlech festgeholl. Zwee vun hinne koumen nach en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter, deen Drëtten, deen nach mannerjäreg ass, koum an de Centre socio-éducatif de l’État zu Dräibuer.
E Méindeg den Owend krut d’Police gemellt, dass een onbekannte Mann an der Géigend vun der Stater Gare e geparkte Policewon beschiedegt hätt. Hien hat d’Fënsteren ageschloen a konnt nach op der Plaz vun e puer Poliziste gestallt ginn. Hien hat deen Ament en Nouthummer am Grapp, dee séchergestallt konnt ginn. Am Ganze goufe 4 Fënstere vum Policewon beschiedegt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.