Aus dem Police-BulletinFra matten am Dag beklaut, Dealer gepëtzt souwéi Abréch an Haiser a Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, koum et op verschiddene Plazen am Land zu Virfäll, wou si huet missen agräifen.

Liicht blesséiert gouf eng Fra géint 15.30 Auer an der Stad, wéi si iwwerfall gouf. D’Affer war an der Montée de Clausen ënnerwee, wéi eng Persoun vun hannen op si zougelaf ass an hir mat Gewalt d’Posch aus der Hand gerappt huet. Dobäi ass d’Fra gefall an huet sech blesséiert. Den Täter war tëscht 30 a 35 Joer al, hat schwaarz Hoer an e schwaarze Baart. Hien hat e groen Hoodie un an eng donkel Box.

En Drogendealer konnten d’Polizisten dann an der Stad stellen. Dëse war hinnen an der Nuecht op en Dënschdeg an der Rue de la Fonderie opgefall. Bei engem Grupp Persounen, dee kontrolléiert gouf, war eng Persoun dobäi, déi fënnef Drogeplombe bei sech hat. Well een dovunner ausgoe misst, datt et sech heibäi ëm en Dealer handelt, gouf de Parquet alarméiert an dësen huet d’Persoun verhafte gelooss. All déi fir de Fall relevant Géigestänn goufe saiséiert an de presuméierten Dealer hat e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

D’Police mellt dann nach verschidden Abréch a Wunnengen. Dat zu Beetebuerg, Rued-Syr an an der Stad. Geklaut goufe verschidde Wäertgéigestänn a Boergeld. Weider gouf zu Sandweiler ee Saz Summerpneuen aus enger Déifgarage geklaut an um Briddel war en Abriecher zwar bis an d’Garage komm, ass dono awer nees fortgelaf.

Da gouf nach an der Nuecht op e Méindeg an der Stad an e puer Autoen agebrach, dat an der Rue Anvers an an der Rue des États-Unis. No enger Sich konnt ee Verdächtegen ermëttelt ginn. D’Ermëttlunge goufen opgeholl an eng Plainte gouf deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO