Prozess ëm VergewaltegungFra seet, net gewosst ze hunn, wat normale Sex wier

Diana Hoffmann
E 56 Joer ale Mann aus dem Irak huet sech en Dënschdeg de Mëtte mussen um Stater Geriicht veräntwerten.

Him gëtt reprochéiert, seng deemoleg Fra geschloen, gewiergt a vergewaltegt ze hunn.

Den Ugekloten a seng Fra sinn am November 2008 aus dem Irak op Lëtzebuerg komm. Schonn do soll de Mann der haut 48 Joer aler Fra géigeniwwer gewalttäteg gewiescht sinn. Well si schwanger war, an hire Mann dat decidéiert hat, ass si mat him op Lëtzebuerg komm. Si huet deen Ament als Schoulmeeschtesch geschafft. De Grond, wisou d’Koppel fort sollt goen, huet si net verstanen.

Ugangs huet d’Koppel am Foyer Don Bosco gewunnt. D’Fra sot, och do hätt hire Mann si op d’mannst dräimol d’Woch geschloen. Dacks hätt hien si och gewiergt an dono ëmmer vergewaltegt. Si hätt awer net gewosst, u wie sech riichten. Hire Mann hätt si komplett isoléiert a si hätt d’Sproochen net verstanen. Eréischt duerch Youtube hätt si dann erausfonnt, dass dat keen normale Sex wier.

D’Expert an der Psychologie huet d’Aussoe vum Affer bei hirer Expertis als credibel agestuuft. “Si wousst net, dass et eng Vergewaltegung wier, well si aus engem kulturelle Kontext kënnt, wou dat akzeptéiert ass”, huet d’Expert gemengt. Dëst kéint erklären, wisou net direkt och Plainte wéinst Vergewaltegung gemaach gouf, mee wéinst der physescher Gewalt. Ausserdeem hätt d’Fra wuel Angscht virun hirem Mann gehat an ëm hir Kanner.

Den Ugekloten niéiert d’Faiten

“Ni a mengem Liewen hunn ech meng Fra geschloen”, huet den Ugekloten a senger Landessprooch erkläert. Den Traducteur huet op Franséisch iwwersat. De Riichter huet de Mann awer drop higewisen, dass hie schonn zweemol wéinst Kierperverletzung vis-à-vis vu senger Fra verurteelt gi wier, ouni dass en an Appell gaange wier. Den Erklärunge vum Ugekloten no ze kommen, war net einfach, well dëse quasi ni direkt op d’Froe vum Riichter geäntwert huet, mee vun Hippches op Hapches gesprongen ass. Ma um Enn wollt hie souwisou vun alleguerten de Reprochen näischt wëssen.

Seng Ex-Fra huet iwwerdeems op Franséisch vu brutalen Ugrëff a Vergewaltegunge vun hirem Ex-Mann erzielt. De Riichter wollt wëssen, wisou et eréischt 2012 zu enger Trennung komm ass, wou de Mann dach scho virdru verurteelt gi wier. “D’Famill huet mech forcéiert, bei hien zréck ze goen”, sou d’Fra. Hiren Ex-Mann hätt nämlech och hir Schwëster am Irak Doudesmenacë gemaach. Ausserdeem hätt si Angscht virun him gehat.

Zanter 2017 ass d’Koppel awer gescheet. Ëmmer nees ass de Mann, deen net schafft, virun der Wunneng vun der Fra opgetaucht, ouni e Besuchsrecht fir d’Kanner ze hunn. Et wier och no der Trennung nach zur Gewalt géint d’Fra komm. Ee mol op engem Parking virun der Wunneng an eemol an engem Park, wou hie si geschloen hätt. Ma vis-à-vis vun de Kanner wier hien ni gewalttäteg gewiescht, sou d’Ex-Fra. D’Decisioun sech ze trennen, wier geholl ginn, wou hir Duechter gesinn hätt, wou et zur Gewalt géint si komm wier.

A weidere Fäll soll den Ugekloten d’Fra dann och mam Doud menacéiert hunn. Ee mol huet hien der Duechter gesot, dass hien d’Mamm wäert mat engem Messer ëmbréngen. En aner Mol 2020 huet hie virum Haus vu senger Ex-Fra zu dëser a senger Duechter gesot, hie géing si ëmbréngen. D’Kanner sinn haut 15 a 16 Joer al. Wou de Riichter den Ugeklote gefrot huet, wisou hien eigentlech net géing zréck an den Irak goen, sot dësen: “Wéinst menge Kanner”.

Zwou verschidde Versioune vun der Geschicht

En huet mech op alle Fall fir blöd gehalen”, sot dann den Expert-Psychiater virum Riichter. Nodeems hie seng Expertis 2022 gemaach hat, war him opgefall, dass hien och schonn 2020 eng Expertis gemaach hat, wou et ëm d’Suergerecht vun de Kanner vun der Koppel gaangen ass. Eemol hätt de Mann versicht, sech sou normal wéi méiglech duerzestellen. An dëser Geschicht hätten hien a seng Fra am Irak sech länger kannt an sech aus Léift bestuet. Seng Fra hätt awer psychesch Problemer gehat an hien hätt gemengt, an engem aneren Environnement géing et hir besser goen. Hie selwer kéim aus enger gutt wuelsituéierter Famill am Irak. An der spéiderer Versioun wiere seng Fra an hien aus dem Irak geflücht, well d’Fra schwanger ginn ass a si net bestuet waren. Dëst géing am Irak net goen. Hie wier doriwwer eraus och als Zaldot am Iran-Irak-Krich gewiescht an dowéinst traumatiséiert.

Den Expert schléisst seng Expertis mat der Conclusioun of, dass den Ugeklote keng akut psychesch Erkrankung hätt. Léie wier u sech keng psychiatresch Krankheet. En Traitement vum Mann schéngt him schwéier, well den Ugekloten alles géing niéieren.

De Prozess geet e Mëttwoch weider.

Back to Top
CIM LOGO