
Eng Geldstrof vun 800 € an e Fuerverbuet vu 6 Méint mat Sursis: Dozou gouf um Stater Geriicht eng Fra verurteelt, an enger u sech banaler Circulatiounsaffär.
Si hat sech wéinst op en Neits ze séierem Fueren ze veräntweren. D'Fra war am Mäerz zejoert op der Escher Autobunn mat 126 Kilometer an der Stonn geblëtzt ginn, do wou u sech just 70 erlaabt war. Hiren Affekot hat awer ënner anerem argumentéiert, dass e Règlement ministériel vum François Bausch vu Januar 2019, fir d'Vitesse op där Plaz ze reduzéieren, illegal war. D'Riichterin ass allerdéngs net mat op dee Wee gaangen.