
D' Frae wieren nach ëmmer a villen Domänen ënnerrepresentéiert. Dat ass ee vun de Constate vum Rapport. Frae schaffen nach ëmmer vill méi dacks Deelzäit, këmmeren sech méi ëm d' Familljen- an Hausaarbecht, verdéngen am Duerchschnëtt manner an hunn och méi niddreg Pensiounen. Mee et huet sech vill verbessert, seet d' DP -Ministesch Yuriko Backes.
“Den European Institute for Gender Equality huet eis och eng Bonne Nott ginn. An de leschten zéng Joer hu mer wierklech weesentlech Fortschrëtter gemaach an hunn eis an deem Ranking ëm zéng Punkte verbessert, zum Beispill den Ecart am Taux d' emploi tëschent de Fraen an de Männer, deen huet sech verklengert, soudass ech mengen dat wäert och à terme wat Frae méi schaffen, wat Frae manner zäitlimitéiert schaffen. An och Männer zum Beispill méi Congé parental huelen, wat mer do mengen ech eng weider positiv Evolutioun och gesinn. “
Beim Gender Pay Gap steet Lëtzebuerg guer en esou schlecht do, anescht ass et awer beim Ecart vun de Pensioune vu Fraen a Männer.
“Wann een de Salaire pro Stonn kuckt, da sinn d'Fraen e bësse besser bezuelt, well mer och eng grouss Fonction publique hunn. Minim besser, mee awer e bësse besser, wa mer awer iwwer d'ganzt Joer kucken an d' Primme mat arechent, da ginn awer d'Männer fir déi selwecht Aarbecht nach ëmmer besser bezuelt wéi Fraen. Dat ass eng Realitéit. Mee wat och méi Fraen, manner Deelzäitaarbecht schaffen a méi um Aarbechtsmarché sinn. Wat mer dann och dee Pensiouns-Gap reduzéiert kréien, well do si mer wierklech net méi déi lescht, mee awer nach ganz hannen am europäesche Ranking.“
Am Kader vum Rapport gouf och eng Ëmfro gemaach iwwer Stereotyppen. D' Yuriko Backes ass erstaunt iwwer verschidde Resultater.
“Dat musst Der Iech emol op der Zong zergoe loossen. “Est -il acceptable qu 'un homme contrôle les finances de sa conjointe?” An d'Männer hu mat e bëssen ënner 50 %, 46 % mat Jo, drop geäntwert. An da fannen ech et genau sou iwwerraschend, dass nach 26 % vun de Fraen och fannen, dass dat eppes Akzeptabeles ass. “
Et mécht een sech iwwerdeems Suergen iwwert d' Entwécklung bei der haislech Gewalt. D'Zuel vun de Police Interventioune wéinst Gewalt am Stot ass am Verglach zum Joer virdrun ëm 10 Prozent geklommen. Ronn 6000 Affer hunn 2025 e Service kontaktéiert, fir no Hëllef ze froen.