Ronn 2.000 Demarchen sinn aktuell um Guichet.lu disponibel. Déi richteg Demarchen ze fannen, ass net ëmmer einfach. Fir d'Sich méi intuitiv ze gestalten, setzt de Staat elo op kënschtlech Intelligenz a lancéiert e neie Chatbot.
Vun e Méindeg u kann den Chatbot d'User bei hirer Recherche ënnerstëtzen. Nodeems eng Fro gestallt gouf, dauert et ongeféier 15 Sekonnen bis eng Äntwert kënnt. Dës Zäit ass bewosst ageplangt: am Hannergrond leeft eng automatesch Moderatioun, déi kontrolléiert, datt den Chatbot nëmmen Informatioune benotzt, déi offiziell op Guichet.lu publizéiert sinn, esou d'Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitalisatioun.
Den Chatbot sicht also net um allgemengen Internet, mee exklusiv am Contenu vu Guichet.lu. Op perséinlech Donnéeën aus dem MyGuichet-Dossier huet hie kee Zougrëff.
Aktuell liwwert de System déi bescht Resultater op Däitsch, Franséisch an Englesch. Aner europäesch Sproochen, wéi zum Beispill Schweedesch, ginn automatesch iwwersat. Fir d'Lëtzebuergescht gëtt nach un der Versioun gefeilt, well ee beim Ministère fir den Ament nach net zu 100% zefridden wier mam Resultat. Wien eng Fro op Lëtzebuergesch stellt, kritt den Ament eng Äntwert op Franséisch. D'Ministesch betount, dass et elo nom Lancement vum Chatbot nach „Kannerkrankheete“ kéinte ginn. Si géif och all Signalement vu Problemer begréissen.
Nieft enger méi einfacher Recherche soll den Chatbot och den Helpdesk entlaaschten, well vill Standard-Froe kënnen direkt vum System beäntwert ginn.

Zousätzlech gouf op MyGuichet.lu e neie Mandat numérique agefouert. Domat kann eng Persoun enger anerer Persoun vum Vertrauen den Zougang zu hirem private MyGuichet-Espace ginn, fir am eegene Numm Demarchen ze erleedegen. Dat soll virun allem Leit ënnerstëtzen, déi mat den néien Technologien net esou gutt eens ginn. Fir esou e Mandat opzestellen, muss ee volljäreg sinn an eng lëtzebuergesch 13-stelleg Immatrikulatiounsnummer hunn. De Mandat ass tëschent engem Mount an engem Joer gülteg. Den Mandataire ka verschidden Demarchë maachen.
Et gëtt awer och no der Sécherheet vun der Persoun, déi de Mandat gëtt, gekuckt. Si behält zu all Moment selwer den Accès op hire Profil a kann d'Dauer vum Mandat verkierzen oder den Zougang komplett zréckzéien.