Dat geet aus enger Ëmfro vum SEW, der Gewerkschaft vun den Enseignanten, ervir. Ronn 250 Leit schaffen am fréiere Modulär. Gutt een Drëttel vun hinne seet oppen, datt een ëmmer méi d’Kontroll bei der Educatioun vun de Jonke verléiert, well den edukative Kader et net méi géif erlaben, sech uerdentlech op d’Schüler ze fokusséieren. De Frust sëtzt déif. Et ass virun allem d’Zäit baussent vum Klassesall: déi administrativ Aarbecht, Reuniounen an dacks schwiereg Relatioune mat Elteren, déi maachen, datt Personal midd ass, respektiv ausbrennt, erkläert de Steve Goetzinger, Enseignant:
„Et ass esou, datt een an der Klass esou vill Pathologien an esou vill verschidden Aarte vu Problemer begéint, an datt een do am Alldag mol domat iwwerfuerdert ass. D’Elteren erwaarde sech ëmmer méi vum Enseignant. Wann een da 15 Schüler do sëtzen huet a jiddereen huet en anere Problem, dann ass dat schwéier, deene Jonke gerecht ze ginn.”
Ermiddend fir d’Léierpersonal. Katastrophal awer fir d’Schüler aus de Klassen.
„Mir hunn eng Zilsetzung: mir sollen déi Jonk an d’Aarbechtswelt bréngen. Direkt oder iwwer eng Léier. Dat Zil verfeele mer den Ament, well mer einfach net méi vill Jonker dohinner kréien. Den Niveau vun de Schüler ass einfach erofgaangen. An dat mécht et natierlech schwéier, sech gutt beim Patron virzestellen. Dat ass e grousse Problem.”
De Secteur géif brennen, esou d’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft, d’Joelle Damé. E Courrier mat Fuerderunge gouf Ugangs Mäerz dem Ministère iwwerreecht. Et ass d’Demande fir eng urgente Entrevue. Ëmmer méi Personal géif sech krankschreiwen. Et wier schwéier, Ersatz ze fannen.
„Et huet kee Wäert, datt mer iwwer Beruffsopwäertung schwätzen oder Héichglanz-Broschüren erausbréngen, fir den Image vum Enseignantsberuff opzepoléieren, wann et sech ronderëm schwätzt ënnert de Jonken, wéi et an der Voie de préparation ausgesäit, da wäert kee sech dohinner mellen. An dat huet Konsequenzen. Déi puer Leit déi nach do schaffen, déi sinn nach méi gefuerdert, a wann déi ausfalen, da mécht dat nach méi Drock.”
Eng Ëmfro vun 2019 vun der Gewerkschaft huet änlech Problemer an der Grondschoul gewisen. Problemer, déi mëttlerweil am Secondaire ukommen, esou d’Remark vun enger Rei Enseignanten. De fréiere Modulär wier ebe méi ufälleg dofir.
„Fir ëmzerappen, ass absolut néideg, datt mer méi kleng Klassen hunn,” esou de Steve Goetzinger.„Dat ass néideg, well a ville Klasse mëttlerweil d’Hallschent vun de Schüler als ‘Problem-Fäll’ kategoriséiert ginn. Mir ginn deem net méi gerecht. Mir brauchen onbedéngt eng Hëllef um Terrain, net Leit, déi Dossiere maachen. Dat ass och frustréierend fir déi Leit, déi net just beroden, mee och um Terrain mathëllefen.”
Vu 15 op 10 bis 12 Schüler pro Klass. Et géif och näischt bréngen, déi Jonk bis 18 Joer an der Schoul ze behalen, wann d’Betreiung ronderëm net richteg funktionéiert, esou de Constat vum SEW.