Vill lass um FreidegFriteuse a Brand, Persoun ugestouss an accidentéiert Gefierer op ville Plazen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg haten d'Rettungsdéngschter nawell all Hänn voll ze dinn.

Géint 12.20 Auer gouf et e méi uergen Accident um Lampertsbierg. Hei mellt de CGDIS 6 Blesséierter.

Um 13.30 Auer gouf zu Déifferdeng um Boulevard Emile Krieps eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt. Grad ewéi um Lampertsbierg war och hei de SAMU geruff ginn.

Géint 14.30 Auer huet zu Waarken an der Rue de Welscheid eng Friteuse Feier gefaangen. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Kuerz no 15 Auer huet et zu Waasserbëlleg gerabbelt, méi genee an der Route de Luxembourg. Hei waren direkt e puer Autoen involvéiert. Blesséiert gouf hei keen.

Um 15.15 Auer sinn tëscht Dikrech a Steeën zwee Autoen aneneegerannt. De CGDIS mellt 1 Blesséierten.

Um 15.43 Auer gouf et eng Kollisioun op der A1 Richtung Stad, dëst tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald. Eng Persoun ass hei verwonnt ginn. D’Autobunn war wéinst deem Accident eng Zäit laang gespaart.

Tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn huet et da géint 16.30 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Hei mellt de CGDIS e weidere Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO