Vill Kanner hänke méi dacks um Handy, amplaz raus an d’Natur spillen ze goen. Am Klouschter an der Pafemillen kruten déi Jonk dës Woch awer eppes aneres gebueden.
D’Kolonie am Klouschter huet bis en Donneschdeg gedauert a war fir 37 Kanner tëscht 7 an 11 Joer. Um Programm stoung eng grouss Auswiel un Atelieren, dorënner Fussball, Bastele, Danzen a Molen a vill méi. Den Handyreseau op der Plaz ass schlecht, respektiv huet een hei guer keen Netz. Prinzipiell soll de GSM wärend der Kolonie souwisou nëmme fir Noutfäll reservéiert sinn. Vun de Jonken huet dat awer duerch de ville Programm kee wierklech gestéiert.
“Ech hu mer mer se zwar oft virgestallt, mee esou hätt ech mer se net virgestallt, se war flott! D’Leit sinn all léif.
Ech sinn e bëssi traureg dass et riwwer ass, well ech hat hei eng ganz flott Zäit. Mir hu Fräizäit, mir hunn 2 Aktivitéiten, an den Owend ass och nach Disco. Also mir gefält et ganz gutt, ech hunn déi Saachen déi mer maachen zimmlech gär, a maachen och mega Spaass, mir hunn och Kostümer gebastelt. Op dëser Kolonie gefält mer amfong geholl, dat meescht gutt, well ech komme mat anere Leit a Kontakt, wou ech nach guer net richteg kennen.”
Dat 10 Joer alt Emilie erzielt vu senger Liblingsaktivitéit:
“Op dëser Kolonie war dat Coolst d’Sprangschlass. Mer missten d’Clowne fänken, well et war ee Béisen hei, an deen huet eis Clowne verstoppt a mer missten déi fänken. Déi waren dunn am Sprangschlass. Duerno goufe mer belount a mer konnten an d’Sprangschlass.”
An der Pafemillen waren 3 Kanner mat dobäi, déi eng speziell Betreiung gebraucht hunn. Virun der Kolonie ginn et ëmmer Gespréicher mat den Eltere fir iwwer speziell Besoinen oder Medikamenter opzeklären an et ginn deementspriechend méi Moniteure mat. Moniteuren, déi speziell fir hir Betreiung forméiert ginn.
D’Animateuren hunn eng grouss Responsabilitéit a mussen d’Kanner bei Laun halen. Do stellt sech. d’Fro wat si dozou beweegt huet, d’Formatioun ze maachen? :
“De Kontakt mat Kanner, ze gesinn, wéi kreativ se kënne sinn, an einfach vill Aktivitéite mat hinnen ze maachen. Et léiert een och méi vun hinne géif ech soen. Mat Kanner zesummen ze schaffen zum Beispill kennen ech hei Kanner säitdeem se 4 Joer al sinn an et ass ëmmer rëm flott déi nämmlecht Kanner rëm ze gesinn an dann ze gesi wéi ze erwuesse ginn. An dat mécht och zimmlech Freed.”
Eng Majoritéit vun den Animateure ware selwer wéi se kleng ware mat a Kolonien an hunn sech dofir entscheet fir d’Formatioun duerno ze maachen. Et géif een sech wéi an enger zweeter Famill fillen, soen si.
D’Klouschter, an deem d’Kolonie war, soll an nächster Zäit renovéiert ginn. D’Kolonie an der Pafemillen gouf vum “Groupe Animateur” an Zesummenaarbecht mam SNJ organiséiert. Méi Informatioune fënnt een um Site www.colonies.lu.