
En Donneschdeg am fréien Owend koum d’Matdeelung, datt d’Fuite gefléckt ass. Wéi et heescht, sollen d’Leit an den nächste Stonnen nach moderat mat hirem Waasserverbrauch ëmgoen, well et nach Zäit géing brauchen, bis d’Basengen nees gefëllt wieren.
Déi ganz Gemeng Stadbriedemes (Briedemes, Greiweldeng an Hëttermillen) war vun der Fuite betraff.