
Bei de meeschte Retraits immédiats vum Fürerschäin ass den Alkohol Schold. Zejoert kruten 1.496 Persoune wéinst engem ze héije Peegel de Fürerschäin nach op der Plaz ofgeholl. Domat läit ee bei den Zuelen op engem änlechen Niveau wéi 2022 an 2019. An de Jore vun der Pandemie waren et manner Chaufferen. D’lescht Joer kruten 229 de Leit de Permis wéinst Vitess nach op der Plaz ewech geholl.
Knapp 4.000 Fürerschäiner goufen zejoert op Basis vu Geriichtsurteeler agezunn. A 956 Fäll huet en Untersuchungsriichter e provisorescht Fuerverbuet ordonéiert.
Eng 1.100 Leit waren dat lescht Joer vun engem administrative Retrait viséiert, dozou ziele medezinesch Grënn, d’Behuelen am Verkéier awer och d’Perte vun allen 12 Punkten.