Zesumme bleiwen an net labber loossen, fuerdert den OGBL. Op der Versammlung war ee sech mat Amenter awer net sécher, ob dat géing geléngen. Deels ass d‘Stëmmung héich gekacht. Wat sollen d‘Salariéeë vun der Caritas maachen? Kënnege virum 1. Oktober an en Aarbechtskontrakt bei der neier Entitéit “Hëllef um Terrain” (HUT) ënnerschreiwen, oder net? D‘Fro stëllt sech virun allem och, well nach kee Kontrakt um Pabeier virläit.
E Méinde gouf et zwar wuel eng Reunioun vum Krisecomité vun der Caritas mat dem neie President vum Verwaltungsrot vun HUT, dem Christian Billon, an de Vertrieder vun den zwou Personaldelegatiounen. Schrëftlech Zousoe fir d‘Zukunft vun de Salariéeë goufen et awer keng.
Wisou déi Delegéiert net all op enger Linn iwwert d‘Zukunft vun de Mataarbechter ze si schéngen, erkläert de Smail Suljc, Zentralsekretär vum OGBL sech doduerch, dass een ënnerschiddlech Informatioune vum Krisecomité kritt hätt. A weider: „Et sinn och vereenzelt Informatiounen un eenzel Mataarbechter gestreet ginn, déi eis net bekannt waren.“ Dat géing natierlech dozou féieren, dass Emotiounen héich kommen, an dass ee sech streit.
D‘Solidaritéit hätt sech de Moment leider e bëssi verluer, mengt de Boris Westemeier vu Caritas acceuil et solidarité vum OGBL. Déi eng géinge Partei fir den OGBL huelen, déi aner fir de Krisecomité. “Ech perséinlech géing soen, déi bescht Léisung ass mam Comité de Crise Partei ze halen, well déi fir eis do sinn an effektiv Aarbecht geleescht hunn. Wann ee ganz éierlech ass, de Comité de Crise hätt eis kéinten zu 350 an e Sozialplang schécken. Dat wier deenen egal. Da wier d‘Saach an 2 Woche gereegelt, mee se sëtze säit 3 Méint hannendrun“, seet de jonke Gewerkschaftler.
De Krisecomité hätt awer versprach, dass et zu kengen Desavantagen an deenen neie Kontrakter géing kommen. D‘Entscheedung en neie Kontrakt ze ënnerschreiwen oder net, misst jidderee fir sech treffen. Och Smail Sulic betount jidderee misst maache wat e fir richteg hält. Doriwwer eraus gëtt hien awer eng Consigne: „Mir roden de Leit, dass se sech eis uschléissen, an hir Kontrakter net kënnegen, déi se elo hunn. Fir Drock ze maachen, dass soll en anere Wee fonnt ginn, fir déi Leit ze transferéieren.“ Et misst een sech nämlech wieren iwwert d‘Manéier wéi den Transfert vun den Aktivitéite vun der Caritas op Hut soll gemaach ginn. Individuell Rechter, Preavisen a Representatiouns-Rechter vu Salarié duerch eng Personaldelegatioun wier net méi ginn, fäert hien.
Fir e fairen Transfert ze fuerderen, a Solidaritéit mat de Leit aus dem Plaidoyer Politique vun der Caritas, déi warscheinlech net vun HUT iwwerholl ginn, ze weisen, rifft den OGBL e Freiden um 12 Auer Mëttes op eng Maniff virun der Chamber.
No der Reunioun vum OGBL sot de President vum Verwaltungsrot vun Hëllef um Terrain, de Christian Billon, op RTL-Nofro, dass géingen 350 Leit bei der neier Entitéit agestallt ginn, an dofir fir d‘éischt Konventiounen neidesch gewiescht wieren. Dës wieren elo vum Regierungsrot accordéiert ginn. „D‘Salariéë verléieren absolut näischt“, huet de Christian Billon ënnerstrach. Et wier een am Soziale Secteur, wou et Kollektivverträg géinge ginn. Et wéilt een absolut, dass d‘Leit, déi een astellt, déi selwecht Rechter hätte wéi virdrun. Dozou géingen d‘Anciennetéit, de Grad, Congé parentalen asw zielen. Och wéilt ee bei der ITM froe fir esou séier wéi méiglech Walen ofzehalen, fir eng Personaldelegatioun ze bestëmmen.
Hien bedauert, dass een net genuch Informatiounen hat, fir ze kommunizéieren, a géing verstoen, dass dat de Salariéë Suerge gemaach hätt. Doriwwer eraus weist hien d‘Reproche vun sech, dass d‘Salariéë vum Krisecomité gesot kritt hätten, net mat der Press schwätzen ze dierfen. Hien hält dëst fir Rumeuren, déi entstane sinn.
Alles wier elo prett, fir dass Hëllef um Terrain kéint vum nächsten Dënschdeg (1. Oktober) u lassleeën. Aarbechtskontrakter vun HUT wieren awer nach keng ënnerschriwwe ginn, wëll ee fir d‘éischt d’Konventioune dofir gebraucht hätt.
Laangjäreg Presidentin vun der Fondatioun Caritas am Interview: “Ech hätt mech méi missen ëm d’Personal këmmeren”
Kardinol Jean-Claude Hollerich: “Et huet kee vun der Caritas sech bei mir gemellt”
Caritas-Mataarbechterin temoignéiert: “Dat Schlëmmst ass, wa kee méi mat dir schwätzt”
Affär Caritas: Wat war, wat ass a wat soll geschéien