De gréissten Engagement ass an der Reha-Klinik zu Kolpech, déi ëmgebaut gouf, fir Corona-Patienten opzehuelen a Spideeler ze entlaaschten. Ganz positiv ass fir d'Croix Rouge d'Solidaritéit vun de Lëtzebuerger, déi op d'Hëllefs-Riff reagéiert hunn, souwuel fir Sue- wéi fir Bluttspenden. 1.400 nei Spender gouf et wärend der Kris. Besoin besteet nach fir international Hëllef.
Och wann um internationale Plang Sue feelen, wäre vill Donen erakomm, sou déi Responsabel vun der Croix Rouge. Ma wéi huet et wärend der Pandemie ausgesinn a wéi geet et weider?
De Michel Simonis, den Direkter vum Roude Kräiz: "An der Corona-Kris hu mir verschidden Defie gehat. Dat éischt dat ass, dass mir virun allem mol drop gekuckt hunn, datt déi Aktivitéiten, déi mir maachen, datt déi méiglechst gutt weider lafen. Mir konnten net alles 100% maachen, mee zum Beispill am Soin domicile konnte mir awer all essentiell Servicer weidermaachen, fir dattt déi Leit, déi doheem sinn an Hëllef a Fleeg brauchen, datt déi net einfach ënnert d'Rieder kommen duerch d'Corona-Kris. Also dat war mol dat éischt. Zum zweeten hu mir awer och Servicer opgebaut, déi wichteg waren an déi et virdrun net ginn ass; mir hunn notamment Leit hebergéiert, déi Corona positiv waren an déi sech sollten isoléieren, déi dat awer net konnten."
Fir déi zweet Well vum Virus wäert d'Croix-Rouge de Rehazenter zu Kolpech an Zukunft net méi fir Corona-Patienten, mä fir d'Rehabilitatioun benotzen. Ma trotzdeem si se mat anere Servicer op de Virus virbereet.