
Ee Blesséierte gouf et kuerz viru 17 Auer am Tunnel Gousselerbierg op der A7, wéi hei en Auto accidentéiert war. D’Rettungsekippe vu Lëntgen a Jonglënster ware séier op der Plaz.
Um CR178 tëscht Riedgen an Zéisseng war eng 20 Minutte méi spéit e weideren Auto accidentéiert. Wéi de CGDIS schreift, gouf och hei eng Persoun blesséiert. Si gouf vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.
D’Ambulanciere vun Iechternach a Mäertert, grad ewéi d’Pompjeeë vun Uesweller waren iwwerdeem géint 17.30 Auer op den CR141 tëscht Mompech an Uesweller geruff ginn, nodeems hei zwou Persoune bei engem Accident blesséiert goufen.
Kuerz no 20.30 Auer hat et dann op der Escher Autobunn op der Héicht vu Steebrécken tëscht e puer Ween geknuppt. Hei goufen et ganzer 3 Blesséierter. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Monnerech, Esch, Diddeleng a Suessem-Déifferdeng.