
Um Wandhaff koum et géint 16.49 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei där e Foussgänger ugestouss gouf. De Foussgänger an eng weider blesséiert Persoun goufe vun de Rettungsdéngschter vu Mamer, Stengefort an aus der Stad versuergt.
Eng weider Persoun gouf géint 18.48 Auer zu Steebrécken blesséiert, wéi et tëscht engem Auto an engem Moto geknuppt huet. Hei war de Samu vun Esch zesumme mat de Rettungsekippe vun Esch a Monnerech am Asaz.
De Samu vun Esch huet iwwerdeem géint 19.23 Auer missen zu Rëmeleng intervenéieren, nodeems e weidere Foussgänger ugestouss a blesséiert gouf. Donieft waren d’Ambulanciere vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Rëmeleng op der Plaz.
Kuerz virdrun war zu Esch-Sauer e Motocyclist gefall an huet misste vun de Rettungsdéngschter vu Wolz am dem Alebesch versuergt ginn.
De Samu aus der Stad war kuerz no Mëtternuecht zesumme mat de Rettungsdéngschter vum SaDiff op Déifferdeng geruff ginn, nodeem et zu enger weiderer Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto koum. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Zu Réimech war dann nach kuerz virun 1 Auer en Auto de Rampli erofgerutscht, woubäi et zu engem weidere Blesséierte koum. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Réimech.