
Zwou Police-Patrulle haten den Auto ugehalen. Déi belsch Police ass mat bloe Luuchten a Sireenen an der richteger Richtung parallel Richtung Geeschterfuererin gefuer, fir d’Fra op hire Feeler opmierksam ze maachen.
De Chauffeur war eng eeler Damm, de Beamten ass och séier opgefall, dass d’Fra d’Orientéierung verluer hat an d’Situatioun se offensichtlech iwwerfuerdert huet. Den Alkoholtest war awer negativ.
D’Fra huet erkläert, dass si op Habay op de Maart goe wollt a sech dobäi verfuer huet. Kuerz drop, wier se dunn op der falscher Fuerbunn gelant.