OktavGeet d'Traditioun vum Mäertche verluer? Wéi gesinn d'Forainen d'Situatioun?

Philippe Dondelinger
Nach bis de 5. Mee kënnt der op de Mäertche goen, dono musst der nees ee Joer waarden, bis d'Oktav ass.
Geet d'Traditioun vum Mäertche verluer? Wéi gesinn d'Forainen d'Situatioun?
Mir hunn eis schlau gemaach a wollte wëssen, wéi d’Forainen de Mäertchen dëst Joer erlieft hunn.

Mee wéi gesäit et dëst Joer mat der Clientèle aus? Huet d’Wieder eis e Stréch duerch d’Rechnung gemaach oder huet dat keng Roll gespillt, ëmmerhi gi jo och vill Leit op de Chrëschtmaart.

D’Oktav, de Marché de l’Octave, also de Mäertchen ewéi mir e kennen, geet zeréck bis an d'17. Joerhonnert. Och fréier war e beléift bei Kanner an Erwuessenen. No der Kierch goung et op de Mäertchen, fir nach e Maufel ze fruppsen, ma haut hu verschiddener d’Gefill, ewéi wann dee Brauch lues a lues géif verluer goen.

Dobäi kënnt, dass d’Plaz geännert huet, alles Argumenter, dass d’Forainen net esou zefridde sinn ewéi déi Jore virdrun. Mir hunn eis schlau gemaach a wollte wëssen, wéi si dëst Joer erlieft hunn.

Back to Top
CIM LOGO