D'Police warntGefälschte Maile vun der Police, der Justiz a vu Bee Secure maachen d'Ronn

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut an der Lescht nees Fäll gemellt, bei deene Persounen am Kader vun enger falscher Enquête kontaktéiert goufen.
© Police

Wéi d’Police mellt, kruten d’Leit an deem Kontext och gefälschte Maile vun der Police selwer respektiv Bee Secure, der Lëtzebuerger Justiz oder och auslännesche Police-Autoritéite geschéckt.

An der Reegel géifen d’Auteure vun de Mailen, den Affer reprochéieren, eng Strofdot verüübt ze hunn a si dann opfuerderen, Suen ze bezuelen.

D’Police mécht drop opmierksam, dass et sech bei dëse Mailen ëm Fälschungen handelt. Wien esou eng Mail kritt huet, soll se ignoréieren a läschen. Iwwerdeems biet d’Police d’Leit drëms, eeler Matmënschen an hirem Ëmfeld iwwer d’Bedruchsmasch opzeklären.

© Police

Back to Top
CIM LOGO